Iwwert Eis

Mini-Entreprise LRSL

Mir sinn 8 Schüler aus dem Lycée Robert Schuman. Zesummen wëllen mir Iech, dem Schüler wéi och dem Erwuessenen, e Site bidden wou een sech ob der enger Säit als Schüler zur Verfügung stellen kann fir aneren bei ufällegen Minijobs ze hëllefen an op der anerer Säit den Erwuessenen ee fannen kann deen em bei Geleeënheetsaarbechten entlaascht.

Eis Partner

Jonk Entrepreneueren Logo.jpg
Lrsl LOGO richteg.png
BIL logo.png

Eis Geschicht

Am Kader vum Projet "Mini-Entreprise", lancéiert vun den Jonk Entrepreneuren, wollte mir eisen eegenen Business op d'Been stellen. Mir hunn eis also zesummen gesat an eis Gedanken iwwer divers Problemer an eisen alldeeglechen Liewen gemaach. Vu datt mir all selwer Schüler sinn, wëssen mir nëmmen ze gutt wéi schwiereg et ka sinn en Niewenjob ze fannen, deen een niewent sengem Schoulalldag kann ausüben. Dofir hunn mir eis dunn dofir entscheet een Site ze realiséieren deen Studenten wéi eis et erméiglecht an Hand vun Kontrakter déi vun Kéier zu Kéier opgestallt ginn, sech niewent der Schoul nach eppes dobäi ze verdéngen.

Esou ass jonkjob.lu entstane.

EIs Ekipp

211215-0007.jpg